les KIRPACH de Mamer
Henri KIRPACH

Henri KIRPACH

Théodore KIRPACH

Théodore KIRPACH

Les frères Henri et Théodore KIRPACH de Mamer sont les 4e et 6e enfants du couple Jean KIRPACH - Marie FREIMANN, agriculteurs à Mamer.


Henri KIRPACH, né le 2 mars 1841 à Mamer s’établit comme avocat à Luxembourg après des études à Heidelberg et Paris.
En 1870, à l’âge de 29 ans, il fut élu député du Canton de Capellen. Le 6 août 1878 il entra au Gouvernement du Ministre d’État Baron Félix de BLOCHHAUSEN, pour y exercer la fonction de Directeur Général de l’Intérieur.
Il attacha son nom à la loi du 20 avril 1881, concernant l’enseignement obligatoire.
En 1910 il quitta le Gouvernement pour entrer au Conseil d’État.
Henri KIRPACH est décédé le 25 avril 1911 à Luxembourg.
Théodore KIRPACH est né le 7 septembre 1847 au même Mamer.
Il devint Notaire et travaillait à Rambrouch et Mondorf.
Comme son frère il fut élu député en 1878.
Ensemble ils élaborèrent la loi scolaire progressiste de 1881.
Marié à 30 ans à Bascharage avec Marie-Nicole-Emilie SCHUMACHER, fille de notaire, ils ont été à la base d’une riche progéniture de médecins, de notaires et d’écrivains.
Il est décédé à Mondorf le 23 août 1893.




Présentation en images: Partie 1 Partie 2 Partie 3

Arbre Descendance Complet KIRPACH-KAUFFMANN
Arbre de descendance complet FREYMANN-HEMMERS
Arbre mixte familial KIRPACH-SCHUMACHER
Arbre Descendance Complet SCHUMACHER Hesperange
Arbre de descendance complet FREYMANN-ZWOLLEN
D’Genealogie vun de Bridder KIRPACH vu Mamer


1 Ech soll iech also d’Familljen vun de Bridder Henri an Théodore KIRPACH méi no brengen. 2 3 4

Wëll den Numm KIRPACH och op mengem eejene Stammbaam viirkënnt, hun ech mech mat enger bestëmmter Begeeschterung schons zanter méi laang domat ofginn. Et huet mër nët schwéiergefall, wëll ech och schons op dër Säit vun de Mamer Kirpache gewullt haat, och wuel an der Absicht zë kucken, ob esou zwee héichgestallte Perséinlechkeeten dann nët och a meng Familljen erapassen déiten. 5 Ech hat se kennegeléiert duerch verschidde Publikatiounen. Do woren mol vir d’éischt d’Zeitungsartikelen an d’Bichelchen: “Die Lex Kirpach, ein Schulgesetz, das Furore machte” vum Roger SPAUTZ, bei diëm sai Papp mer an der Zäit op Woltz gepilgert sinn, fir d’Schouldreckerei kennen ze léiereen. Hien haat ët färdech bruecht fir mer déi zwee Personnagen nach méi sympatesch ze machen.


Op deem sälwechte Wee hun ech natierlech opgekuckt, wéi ech ëmol am nët manner sympateschen Henri KOCH-KENT sengem Souvenirsbuch aus de Joeren 1912-1940: “Vu et entendu” déi Famill KIRPACH erëmfont haat, mat munech pittoresk an och méi eescht Szeen aus der Familljen, an dozou och nach en zweeten Numm mech intrigéiert huet, de vun de FREYMANN, d’Fräimänner, déi schons als “Francs-Hommes” am 12ten bis 17te Joerhonnert, och bei ons, an der Géijend rondërëm Bungrëf an Houffelt meng Opmierksamkeet erwächt haten. Du war bei mir d’Feier am Stréi. 6 Selbstverständlech hun ech an der Mamer Litteratur dem Här Nic FLENER - DELCOURT seng wichtech Ortschaftsgeschicht font, déi mech dës Uertschaft an hir Leit besser kenne geléiert huet. Hien huet jo och den Henri KIRPACH an engem extraën Artikel als een vun de berühmte Mamer Personnage virgestallt.

Fir d’Familljen vu Mamer zë erfuerschen sinn leider ganz wéinech Poorbicher vu Mamer disponibel an sou bleiwe mer ganz arm un Renseignementer. Aus der Period vun virun der franséischer Revolutioun besteet nëmme méi ë Familljebuch 7 vun dem Paschtouer Jacob HENGESCH, waat derzou och nach grouss Lächer an der Zäit opweist an zimlech onkomplett ass. Esou eng Zesummestellung brengt leider keng Zesummenhäng tëschent deenë fréien Familljen an d’muss ee sech zefridde ginn mat deem waat een do fënnt.

Awer och méi erfreelech a positiv Tatsaachen kommen dem Familljefuerscher entgéint : Um Internet kritt hien vun de Mormonen den Etat-civil aus dem ganzen 19ten Joerhonnert heem op den Ordinateur servéiert. Och d’Zielungen aus deem Joerhonnert aus dem ganze Land kann een do fannen. A wann een dann nach weider begeeschtert ass, bidden se ons och nach d’Notärsminutten un. Fir déi Zäit wéinechtens erméijlecht an erliichtert daat d’Sichen e ganze Strapp.


Da konnt ech natierlech op meng Aarbecht vu ganz fréi an de Poorbicher vu Fënneng zereckgräifen, wou ech schons d’Originen vun der Familljen erausfont haat. Do koum mer dem Joseph FLIES 8 säi riesecht Buch iwwert de Gehaansbierg: “Der Johannisberg, zur Geschichte seiner Landschaft” zu paas, fir déi eelër Geschicht vun deeër Herrschaft ze stodéieren.

Op de Pannoën weisen ech iech elo d’Resultat vun deeër Enquête, déi mat vill Gewulls a Gesichs verbonne war, heiansdo mat munechen ongewollten Ëmweeën an och Ierweeër. Och wollt ech nët all Quellen unzaapen wéi z.B. d’Geriichtsbicher vun Hunchereng oder d’Notärsminutten aus der Ëmgéijend. Et muss een jo deenën aanere Kanner och nach äppes loossen!

Ech ging gär soën, datt jidder KIRPACH hei am Ländchen aus déer klenger Uertschaaft Fënneng hierstaamt. Do haten se schons, spéitestens am 16te Joerhonnert, 9 ënnert der Herrschaft Beetebuerg ë Grondgeriicht vun dräi Leit, an de Meier, hiren Heepsten, wor bal ëmmer e KIRPACH. 10 Hirt Haus huet dofir och den Numm “a Meesch” gedroen. 11 12


Deen elsten deen ech do font hun, an deen an onse Sujet eragepasst huet, 13 war eng Koppel Théodore KIRPACH - Catherine KAUFFMANN dei géint 1670 do bestued goufen. Si woren, wéi déizäit déi meeschte vun de Leit, läifeeje Baueren zu Fënneng. Fir ons interessant as hire Jong Mëchel KIRPACH, dee mat dem Jeanne KIEFFER ning Kanner haat, mat engem Neckelchen als een vun hire Jengsten, deen als klengen, ärdejen Luuspätter an de Krakelshaff bestued gouf, 14 mat dem Susanne WEYNAND, der Duechter vun dem Piechter vun deem groussen Haff. Do kann ech Iech esouguer hiren Houchzäits-Kontrakt vun 1756  beim Notär Guillaume BURGRUTTGEN presentéieren, deen am Nationalarchiv läit an deen d’Mormonen eis och op den Internet gesaat hun.

15 Mer sinn elo am Joër 1757 an mer mussen ons Recherchen op Beetebuerg verleeën. Daat wor net esou evident; wëll wann een, wéi ech, um Site vum Kadaster no engem Krackelshaff sicht, fënnt een nuren ënnert “Krokelshaff“ eng Gebeilechkeet, déi an der Gewaan bei Munnerëf läit, an da geet d’Gesichs lass, fir do seng KIRPACHEN ërauszefannen. Am Fréisenger Pompjeesbuch, mat der gudder genealogescher Aarbecht vum Marcel MOUSEL, fënnt een ënnert dem Krokelshaff alles mee keng KIRPACHen oder WEYNANDten. Ët wonnert ee sech datt deen Haff sollt zu der Gemeng an Herrschaft vu Beetebuerg gehéiert hun. Wann een dann der Saach op de Fong geet, an emol eng Foto vun de Gebeilechkeeten maache wëllt, fënnt een e beemol hannert Beetebuerg op dem Wee vir op Munnerëf e Wee-Schëld, waat een no riets an d’Gewaan weist, mam Hiwäis dohinner ging ët op de Krakelshaff. 16 Grouss Enttäuschung: Eng ausgedehnten, plakech Handels- an Industriezoon, mee keng Spuur méi vun deem aalen Haff. 17 Ower eent gët engem dobäi kloër: Krokelen a Krakelen ass zweeërlee, obschons déi zwee Bezeechnungen wuel vun de “Kréckelen” hierkënnt, waat einfach wëll Praumebeem op Lëtzebuergesch bedeit.


18 Also op d’Sich an d’Archive an d’Dokumenter vun Beetebuerg, zu deeër Gemeng de Krakelshaff gehéiert huet. Grouss Hëllef ass do, wéi gesoot, dem Joseph FLIES säin Buch iwwert de Gehaansbierg. Mer léieren, datt déi Gebeilechkeeten och fréier mol den “Fassbinder-Haff” oder d’”Aspenscheier” genannt goufen. Do gëtt d’ganz Follech vun de Piechter opgezielt. Och am Bichelchen vun de Beetebuerger Geschichtsfrënn, “Beetebuerg am Laaf vun der Zäit”, entwéckelt, op eng kloer Fassong, de Gilbert KREMER, ower enk an de Fousstrëtt vum Här FLIES, d’weider Geschicht vun deem Haff, an sengem traurejen Enn an engem grousse Feierbrand vun 1943 a schliesslech d’endgültecht Ofrappen am Joër 2000. Haut schingt daat esou guer bis zum Ausläschen vum Numm an dë gewéinlechen Kadaster-Informatiounen weidergaangen ze sin. Am Här FLIES sengem Gehansbierg 19 fannen ech dann, ënner aaneren, Hiwäiser op Dokumenter déi de Verbläif vun dem Haff während deeër ganzer Zäit beleeën: Sou fanne mer beim Notär Jean Gaspard SCHWAB zwee sech folgend Verpachtungs-Akten, sougenannte Verlassungen,  déi ons opklären iwwert d’Lokatären vum Haff zu deeër Zäit: 1755 D’Marie Marguerite de STASSIN, Wittib vu BOST-MOULIN, Härin vum Gehhansbierg, an de Franz Albrecht vu BOLAND, och Héich-, Mëttel- a Grond-Geriichtshär zu Sankt Johannisberg verloossen op 20 Joer der Catherine MEYER, Wittfra vum Henri WEYNAND, - der Schwéiermamm vun onsem Néckelchen KIRPACH, - de Krackelshaff, deen dësen zwee Herrschafte gehéiert, sou wéi bis elo, mat Haus, Scheier, Ställ, Gart, Wisen a Felder fir 14 Räichdaaler Geld, 4 Maaler Wees, 4 Maaler Meschler a 6 Maler Huewer.

Och dë Verpachtungs-Akt,  vun Joër 1770 op 24 Joër beim sälwechten Notär SCHWAB vum Nic KIRPACH mat dem Freyherr Franz Albrecht Von BOLAND vum Gehaansbierg an dem Här CHANCLOS dee fanne mer do.

An de Joeren 1757-1780 wuessen zwielef Kanner um Krakelshaff erop. 20 Ee vun den Naschtquakerten wärt ons interesséieren: Et ass den Théodore KIRPACH, deen op Mamer kënnt, fir do 1808, an engem eischte Mariage d’Marie FOURNELLE, waat vun Uewerkuer staamt, heemzëféieren. Vun senger Fra hirer Famill komme mer och nach zwou weider Generatiounen erop. 21

Deen eelsten vun hire siewe Kanner wor de Jean KIRPACH, 22 deen dann an eng aaner Stack Mamer Familljen abestued gëtt, déi vun de FREYMANN. An do kruute mer op eng Woch Differenz bal eng duebel Hochzäit: Nom Dout vun dem Marie FOURNELLE, 1830, bestied nämlech de Papp Théodore KIRPACH sech fir d’zweet mat dem jonken Anne FREYMANN, der Sëschter vu sengem Jong Jean KIRPACH senger gläichzäitech neier Fra, dem Marie FREYMANN.


23 Déi Familljen FREYMANN ass an dem Paschtouer Jacob HENGESCH sengem Famillje-Buch vu Mamer gutt vertratt, mat dräi gréissere Stämm, déi all géint 1700 hiren Ursprung hunn, ower wou mer an deeër Aarbecht, déi jo ower déi eenzech nach bestehend Mamer Quell aus dem 18te Jh. ass, keng richtech Verbindung zuenaaner fannen. Et schinge Geschwëster-Kanner, also Kosengen gewiescht ze sinn, wëll hier Kanner bestuede sech all zur sälwechter Zäit géint 1720-30. Hir Nokommen kenne mer gutt, och aus deem Familljebuch. Ons interesséiert ower elei haaptsächlech d’Koppel Michel FREYMANN - Catherine HEMMERS, aus déer hiren Nokommen ons Protagonisten vun haut erausstaamen. Sou fanne mer och, ënner aneren, am Buch vum Auguste BRUCK eng Bourse d’études FREYMANN, vun der Koppel Henri FREYMANN - Catherine PESCHONG, déi och an ons Famill erapasst, an déi gestëfft gouf vun hirem Fils, dëm Péiter FREYMANN, dee Paschtouer zu Nidderdonve war, an deen de Léiermeeschter vun dem Henri KIRPACH wor, sengem Nëveu an dem spéidere Minister.


Am 19ten Joerhonnert kommen ons dann déi offiziell Volleks-Zielungen vun den Awunner zur Hëllef. Och déi hun d’Mormonen ons op dem Internet zur Verfügung gestallt. Leider goufen deemols d’Leit nët sytematesch de Stroossen an den Hausnummeren no opgeholl, an als Uertsfriemen muss een zerjéis struewelen fir do eens ze ginn. 23 Awer mir fannen do an der heitejer Kirpach-strooss ë PELLEN-Haus, waat den Henri KIRPACH zu senger Zäit méi dichtech erausgefiizt huet, an e 24 SCHMATTS-Haus oder spéider och FREYMANNs-Haus genannt, déi frëndschaftlech an dee sälwechten Haff kucken, a wou ët mënschlech wor, datt d’Bewunner sech méi no koumen a sech besser kenne gëléiert hun: an do soutzen ons Leit dran. Déi Zielungen erlaben ons d’Familljen KIRPACH-FREYMANN duerch d’ganzt 19. Joerhonnert an hirer Entwecklung zë verfollechen, an e bësse vum Zesummeliewen vun den Awunner, mat de Changementer an deenën verschiddenen Heiser, festzestellen. Eng interressant Aarbecht déi haut nët mäi Propos ass, an déi ech och gären engem Einheimeschen ging iwwerloossen, deen jo ower besser do am Suedel dierft sëtzen, an deen, mat Hëllef vun den Dokumenten vun de Mormonen, op dem Här Nic FLENER-DELCOURT seng solitt Viiraarbecht opbauen kënnt.

25 Bis elo waren all déi KIRPACHEN, esou wéi hier Viirfueren, brav Bauere gewiescht. Mer sinn elo 1830, der Zäit vun der belscher Revolutioun, och bei ons, wou ët iwwerall gegärt huet. Och an dem Jean KIRPACH huet nach äppes méi gewullt: Sai fräie Geescht huet gesicht lasszekomme aus den aale Gleiser an nei Weeër anzëschloën. 26 Nët nëmmen datt hien sech sälwer ordentlech Liesen a Schreiwe bäibruecht huet; hie wollt seng Ëmwelt erfuerschen, huet um Späicher Stärekickert gespillt, huet Chimie an Astronomie stodéiert, an heiansdo huet ët och aus der Annexe vum Haus an d’Gaas eraus firchterlech gestonk, oder d’Noperschaaft ass duerch e sérieuse Knuppert an d’Héiluucht gefuer. Daat war hien, modernen Alchimist, deen senger chemescher Experimenter ugestallt huet, déi ëm dann nët ëmmer richtech gerode sinn. Kee Wonner, datt en an deem rouejen Duerf liicht “verdäiwelt” gouf. Obschons Bauer vun deemols, léisst hien dofir ower seng zwee Jongen stodéieren. A sie brengen ët allebéid esou wäit, datt mer se haut nach feieren: Den Henri gët Affekot a Riichter, Députéierten a spéider Minister, den Théodore gët Notär an och Députéierten.


27 Den Henri KIRPACH kruut keng Zäit fir sech zë bestueden. Hien ass säi Liewe laang onofhängech bliwen. Als jonge Borscht koum hien schons bei säin Monni Paschtouer, de FREYMANN Péiter no Nidderdonven, wou en da gutt op de Kolléisch viirbereet gouf. Jurisprudenz gong en op Heidelberg a Paräis stodéieren, a gouf dann en dichtejen Affekot an der Staadt. 28 Schons 1870 ass en zum Deputéierten vun dem Kanton Capellen gewielt ginn. Mat 37 Joer huet de Baron Félix de BLOCHHAUSEN, den neie Staatsminister, en an d’Regierung geholl an him de Ressort vum Intérieur an Optrach ginn als Generaldirekter, - sou gouwen déizäit d’Ministere tituléiert. Och nach ënnert dem Pol EYSCHEN an dem Mathias MUNGENAST huet en dës Fonktioune behaalen, déi en och mat de Schoulproblemen chargéiert huet. Dëst huet em d’Méijlechkeet ginn fir, 29 zesumme mat sengem Brudder Théodore KIRPACH en neit a fortschrëttlecht Schoulgesetz auszeschaffen, daat dann, trotz batterer an heftechster Oppositioun vum Bëschof ADAMES, dem Lëtzebuerger WORT an der ganzer reaktionnärer Mannschaft vun deemols, den 24. Februar 1881 zum Gesetz proklaméiert gouf.

Wien vun denen zwee Bridder de gréisste Merite dorunner huet ass nët auszemaachen.


Wien un dëser Polemik interresséiert ass, - et kann een soguer vun engem Klengkrich schwätzen, - deem ging ech dem Roger SPAUTZ seng Brochure iwwert d’”Lex Kirpach” recommandéieren, oder och op “e-luxemburgensia” d’Zeitungen vun deemols, un d’Härz leeën, mat hiren heftejen Streidereien ëm dee Gesetzesprojet. Do erkennt een däitlech de Geescht vun deeër Zäit a vun dénen engagéierte Personnalitéiten.

Wofier war daat neit Gesetz vum Generaldirekter Henri KIRPACH deemols, - an nach haut -, esou importent ? 30 Waat huet et dem Land bruecht ?

Zwee deeër wichtechster Schoulproblemer goufen hei op eng akzeptabel Manéier geléist: De Schoulmeschter sälwer, an och seng Aarbecht hun endlech, an enger gewësser Moos, opgehaalen ënner der stännejer Fuchtel an der Kontroll vun dem Klerus zë stoen. Déi haten nämlech d’Opsiicht vun senger Opféierung, hun him en Zertificat iwwert seng Liewensweis kënne ausstellen, en Schrëftsteck daat se ower gebraucht hu fir ugestallt ze ginn, sie haten jidderzäit fräien Entree a seng Klass, hun säin obligatoreschen Mëssbesuch mat de Kanner iwwerwaacht, d’Gebiet an der Klass, asw. Daat war elo, - wéinechstens um Pobeier - eriwwer.


Dann ass och d’allgemeng Schoulflicht vu sechs Joer agefouert ginn. Doduerch entstoung endlech eng Basis fir eng demokratesch Schoul hei zu Lëtzebuerg. Amplaatz nëmme gleewech Krëschten zë zillen gouf ët endlech méijlech, wëssend an onofhängech Staatsbierger ze forméieren. Fir deen ongemittleche Projet vum Schoulgesetz, deen géint hir Interessen war, faalen ze dinn, huet de Klerus d’Baueren opgestëppelt an dobäi vun hiirer Nout profitéiert: Déi hu gefaart d’Arbechtskraaft vun hire Kanner als Kéihiirten ze verléieren. Schoulzwank gouf dofir déi nei Mesure vun hinne genannt amplaatz Schoulflicht. Sou huet et geschingt en Agrëff an d’perséinlech Fraiheet vum Mënsch ze sinn, an nët eng Mussesaach fir geschoult, gebillt a responsabel Leit aus hire Kanner ze machen.

Wéi wäit sech an deem Sträit déi eenzel Parteien erofgesaat hun, weist als Beispill de Fait datt, wéi de Paschtouer WITTENAUER an der Houmass hei zu Mamer, vum Priedechtstull erof den Henri KIRPACH als den “Antichrëscht” bejaut haat, d’Mamm Marie FREYMANN, déi sälwer an der Mass war, e Schlaach kruut an dorunner gestuewen ass.

Den Théodore KIRPACH als Notär zu Rammerech an dann zu Munnrëff, haat nët manner drënner ze leiden. Béiswëllech Zongen hun nämlech d’Gerücht an d’Welt gesaat, hien wier a schlechten Dicher. “Beim Notär stenkt ët!” housch ët bei de Paschtéier an den Nopeschdierfer bei viirgehaalener Hand.

D’Schoulgesetz gouf trotz allem mat grousser Majoritéit vun der Chamber gestëmmt.

31 Fir d’Wichtechkeet dovunner anzegesinn, kënnt een nët delaanscht, fir e klenge Reckbleck op d’Geschicht vun eisem Schoulwiesen an de Gesetzer, déi daat geregelt hun, ze geheien.


Bis d’Enn vum 18. Joerhonnert gët um Land bal nëmmen Grond-Schoul gehaalen vun de Kapleen, engem Koschter oder esouguer irjendengem Topert aus dem Duerf. 32 Zu Colpech huet de Moler MUNCACSY ons de Schoulbetrieb an och 33 de Schoulmeeschter dovun op der Toile festgehaalen. Schoulgebaier bestinn nach kaum dorueter: An der Kirch oder an enger Wunneng, wann nët an enger Scheier, ass dee Betrieb ofgelaaf. 34 Oft waren daat nëmmen Momenter, wou déi kleng Kanner beschäftecht goufen an de geplooten Elteren eng Lascht méi ewäch geholl gouf. Liesen a Schreiwen sollt mat Hëllef vun der Biebel an dem Katjëssem de Kanner bäibruecht ginn. Wann der mol e Bleck an d’Poorbicher vun deeër Zäit geheit, fannt der, datt um Enn seelen een, oder déi mannste vun de Leit hiren Numm schreiwe konnten, geschweigs dann liesen a schreiwen oder rechne konnten. 35 De Professer Nicolas Van Werveke huet do eng grëndlech Opstellung vun dem Analfabétismus deemols hei am Land gamaach, publizéiert 1904 fir d’drëtt Joerhonnertfeier vum Athenäum an der Staadt.

Doniewent, an daat fir privilégiéiert Jongen, wou d’Eltere bezuele konnten, déi dann och, wa méijlech, zu Geeschtlechen forméiert sollte ginn, gouf ët Privatschoulen vun der Kierch. All Mëttelschoulen an de Stied louchen deemols an hiren Hänn.


De Jousef den Zweeten eréischt, als Prënz vun der Opklärung, huet agesinn, datt haaptsächlech, an och an der Erzéiung, eng Trennung vun Kierch a Staat néidech wier. Mee all déi Beméihungen sinn ëmmer un der interesséierter Oppositioun vun der Kiirch feelgeschloen, déi jo all Viirdeel drun haat, datt méijlechst vill Leit ongebillt bliwe sinn an nët ze vill un d’Nodenke koumen. Ënnert dem franséische Régime huet do sou lues en aanere Wand geblosen. Amplaatz Chreschtemenschen ze fabrizéieren, sollten elo Staatsbierger forméiert ginn. Daat wor ower gutt gemengt, mee konnt net ausgeféiert ginn, wëll ët un allem gefehlt huet. Esou koum eng Zäit wou ët ëm déi öffentlech Schoul schlecht bestallt war.

D’ganzt 19. an d’20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg sin geprägt vun dem Schoulkampf: op all Fortschrëtt koum nees eng heftech Reaktioun vun de kierleche Kreeser, och daks mat onfaire Mettelen, an ech ging gäre soen datt daat nach bis haut undauert. An dem Viirtraach iwwert d’Geschicht vun der Schoul zu Lëtzebuerg den Owent wärte mer jo méi doriwwer héieren.

Dë KIRPACHEN hiert Schoulgesetz passt also an eng ganz Reih vun heftejen Ausenaanersetzungen, fir aus onser Schoul eng Institutioun ze machen, déi sech fir e fräit an onofhängecht Land passt.
***
Mee komme mer zereck bei ons Familljen. Bis elo si se praktesch all dem Bauereberuff trei gewiescht, souwuel an der KIRPACHs wéi an der FREYMANNs Familljen.


36 Eréischt duerch de Mariage vum Députéierten Théodore KIRPACH mat der Marie Nicole Emilie SCHUMACHER schléisse se sech un sozial besser gestallt Familljen un. Op deeër hirem Stammbaam 37 wibbelt ët schon vun Notären, vum Grousspapp Nicolas, Notär zu Betten/Mess, bis erof op hire Papp Jean Nicolas, Notär zu Keejeng, deen och nach bei den Notär CLAIGUEMORT vu Keejeng a Fréiseng freie gong. Duerno wiesselen d’SCHUMACHEREN de Beruff, an nach bis op den heitejen Daach versuerge se d’Land mat dichtejen Dokteren.

Och bei den Nokommen vun dem Théodore, 38 dee jo sälwer Notär zu Rammerich an spéider zu Munrëf wor, hëllt d’Reih vun wichteje Beruffer an der Familljen nët of. Vu senge Kanner gëtt de Bouf Jean Théodore KIRPACH Dokter zu Mondorf, an d’Medercher bestueden je e Viterinär, en Dokter an en Notär: d’Zélie fënnt säi Gleck an der Famillje KOCH. Hire Mann, de Paul KOCH, deen deemols Véihdokter zu Munrëf wor, staamt aus dem déizäit gutt bekannten Hôtel-Restaurant “Zum grossen Helden”, de “Grand-Chef”, wou och en Etienne SCHLECK mol den éischten Gérant wor. 39 Dem Théodore KIRPACH säi Marie-Elise kënnt an d’Famill vum Dr. Gustave GRETSCH vun Iechternach, deenen hire Jong, genannt de “Bub”, dichtejen Gynecolog an der Staadt gouf. Hirt Claire bestied de Joseph LEYDENBACH, President vum Conseil d’Administration vun der BIL. D’Nelly KIRPACH schliesslech kritt den Notär Georges METZLER vu Munrëf als Mann.


Dës Donneeën sinn all publizéiert am “Vu et entendu” vun Henri KOCH-KENT, 40 deen jo an déi Famill eragewues ass. Hien war ë séier opgeschlossenen Historiker a Publizist, deen och nët gefaart huet fir muenech Onregelméissechkeeten vun onser, 1940 entwëtschter Regierung an dem Exil zu London opzedecken an ze publizéieren, an esou déi Responsabel op e gerechte “Stillchen”, un de Pranger, gestalt huet.

41 Sou hätte mer elo den Tour vun de Familljen geschloen. Erausgaangen aus dem Bauerestand ass et eng opstriewend Familljen, déi wuel nuren “de passage” zu Mamer ass. Nëmmen e puer Joer, wou se sech do stärkt, fir den Ulaaf ze huelen, fir op eng méi grouss a méi breet Bedeitungs-Bühn ze sprangen, a fir, fir d’Muerch vun onsem Land, eng séier wichtech a liewech Kraaft ze ginn.

Ech soen Iech Merci ! 42 43

Alphonse WILTGEN
 

luxroots.club asbl   HOME   myluxroots   SEARCH   our volunteers   our subscriptions   igenealogy.lu   roots.lu   luxbooks.lu   luxroots.com asbl   Contact