Genealogy Center of Luxembourg
HOME
Newsletters
FAQ
Deutsch
English
Français
printer friendly version
Forward this article to your friends
Vun der LONG op d'ZONG, e Buch vum Mil GOERENS
Wéi den Titel vum Buch et scho seet, ass et eng Beschreiwung vum fréieren an heitege Lëtzebuergeschen, vläicht nit wéi et an de besseren oder méi noble Kreeser geschwat gouf, mee di riichteraus Sprooch vun der Strooss; duerfir hunn hei och déi mi graff Ausdréck hir Plaz fond.
Dëst Buch versteet sech nit als Dixionär, méi éischter als en Zousaz zum lëtzebuergeschen Dixionär an engem duebele Sënn:
- Et ass praktesch nëmmen mat Synonymen geschafft ginn a mat Iwwersetzungen nëmmen als Ausnam wou et nit anescht gong
- Déi Wierder an dësem Buch fënnt een nit an deem offiziellen Dixionär, a wann dach, dann an enger anerer Bedeitung
Dann huet dëst Buch och nach en aneren Zweck, an zwar deen, di schéin al Ausdréck virum Ausstierwen ze retten, wat een Dauereschued wier.
D’Buch ass am Format 15x21.5 cm mat haarden Deckelen an et huet 422 Säiten. Ze fannen ass et an alle grousse Librairien vum 13. Dezember un.
Et kann een et awer och vum Auteur selwer kréien,
- sief et duerch Ofhuelen bei him doheem
- oder duerch d’Post (Iwwerweisung op d’Banque Générale LU77 0030 3442 8465 000 Emile Goerens)
De Präis vum Buch ass 29 €, wou dann d’Versandkäschten (5 €) nach derbäi kommen.
Et kann een et och beim Auteur bestellen respektiv reservéieren iwwert den Telefon 818072 oder iwwer E-mail un
Mil GOERENS
Op Wonsch kann een och eng perséinlech Dédicace kréien.
INHALT
1. Virwuert - 7 / 2. Di Schierener Mondaart - 19 / 3. (Al) Lëtzebuergesch - 23 / 4. (Al) Riedensaarten an Ausdréck - 127 /
5. (Al) Spréch- a Wouerwierder - 301 / 6. Sot de Mann, sot d’Fra - 371 / 7. E bësse méi graff ausgedréckt - 383 / 8. Wéi fluchen d’Lëtzebuerger - 392
9. Spottnim fir lëtzebuerger Uertschaaften - 393 / 10. Jéinesch Ausdréck - 411 / 11. So mol ganz séier e puermol hannereen - 417 / 12. E puer Klengegkeeten - 418
13. E puer Kuriositéiten - 419 / 14. E puer Merciën - 420 / 15. Wou mer dat alles fond hunn - 421
edit
remove
add new article
Top
HOME
Newsletters
FAQ
Deutsch
English
Français
Forward this article to your friends
luxroots.club asbl
HOME
my
luxroots
SEARCH
our volunteers
our subscriptions
igenealogy.lu
roots.lu
luxbooks.lu
luxroots.com asbl
Contact